Chargé de projet (m/w) - 40 h/Woch

Stellenart: Festanstellung Vollzeit

Zurück

arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1000 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.

Mir sichen ee Chargé de Projet (m/w) - 40 Stonnen/Woch CDI

(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

 

RESPONSABILITÉITEN

Hues du Loscht en neie Service fir d’individuell Schoulbusbegleedung opzebauen an ze leeden:

  • Organiséieren a koordinéiere vu Mataarbechter
  • Zoustänneg fir eng positiv an dynamesch Aarbechtsatmosphär
  • Direkten Uspriechpartner fir d’Ekippen
  • Féiere vu Gespréicher an Negociatioune mat Stakeholder
  • Entwéckelen an organiséiere vun engem neie Service
  • Duerchféiere vu Recherchen an Analysen

 

OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom (min. Bac +3)
  • Du hues en Talent am Beräich Management a Logistik
  • Du hues Kompetenzen an der Organisatioun an Analytik
  • Du hues Erfarung am Aarbechtsrecht an am Kollektivvertrag (CCT SAS)
  • Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden
  • Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projeten
  • Du hues exzellent Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitschkenntnisser, all aner Sprooch ass vu Virdeel

ERFUERDERLECH BERUFFSERFARUNG A JOREN

0 oder méi Joer

Zurück

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Agathe Arnaise
Telefon +352 49 53 46-1

Zurück