Chargé de direction – Kannerhaus Gréiwemaacher (m/w)

Stellenart: Festanstellung Teilzeit Vollzeit

Zurück

arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1000 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.

RESPONSABILITÉITEN
Mir sichen eng Verstäerkung fir d'Equipe dirigeante vum Kannerhaus Gréiwemaacher: Chargé de direction (m/w) : 30-40 Stonnen/Woch CDI


Du bass mat zoustänneg fir den Centre d’acceuil jour et nuit an dem Centre socio-thérapeutique. Als Deel vun der Equipe dirigeante bass du responsabel fir d’pedagogesch Leedung, den organisatoreschen Oflaf an d’Personalentwécklung.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

 

OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur gradué
  • Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projet’en
  • Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden an hues mindestens 5 Joer Erfarung an der stationäre Kanner- a Jugendhëllef
  • Du kanns selbstänneg schaffen
  • Du hues exzellent Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitschkenntnisser, all aner Sprooch ass vu Virdeel

 

MIR BIDDEN

  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
  • E multidisziplinäert Aarbechtsfeld

 

ERFUERDERLECHSPROOCHEN

Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt

  • Lëtzebuergesch C1
  • Däitsch C1
  • Franséisch C1

Zurück

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Agathe Arnaise
Telefon +352 49 53 46-1

Zurück