Cadre-Référent fir e Fleegezentrum (W/M)

Stellenart: Festanstellung Vollzeit

Zurück

Mir siche Verstäerkung!

Cadre-Référent fir e Fleegezentrum (W/M) 40 Stonnen/Woch (CDI CCT SAS)

Äer Missiounen:

  • Dir koordinéiert a garantéiert den deeglechen Oflaf vum Fleegezentrum
  • Dir sidd am Kontakt mam Client a senger Famill, an adaptéiert d’Déngschtleeschtungen no senge Besoinen
  • Dir stitt am Kontakt mat de lokalen Dokteren a Prestataire fir eng vollwäerteg Prise en Charge vum Client ze garantéieren
  • Dir encadréiert eng pluridisziplinär Equipe
  • Dir sidd responsabel fir d’Organisatioun vum Service
  • Dir sidd responsabel fir d‘Qualitéit an d’Kontinuitéit vun der Fleeg
  • Dir participéiert un der Ausschaffung an der Ëmsetzung vu Qualitéitsstandarden
  • Dir participéiert un der Entwécklung vum Betrib
  • Dir evaluéiert d’Kompetenze vun äre Mataarbechter
  • Dir participéiert bei der Astellung vun neie Mataarbechter

Äert Profil:

  • Dir sitt Titulaire vun engem Diplome d’Infirmier oder engem Diplome d’Études supérieures an enger Autorisation d’exercer zu Lëtzebuerg
  • Dir hutt e puer Joer Erfarung mat der Koordinatioun an der Leedung vun enger Equipe oder an enger similärer Funktioun
  • Dir maîtriséiert Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Dir kennt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem an d’Struktur vun der Assurance Dépendance
  • Dir hutt Erfarung an der Gestioun vu Qualitéitsprojeten
  • Dir hutt Erfarung mat Kollektivverträg (SAS)
  • Dir sidd dynamesch, autonom an organiséiert
  • Dir maîtriséiert MS Office
  • Erfarung mat den informatesche Programmer Grips a MOCCA sinn vun Firdeel

Sidd dir motivéiert an enger dynamescher Equipe am Soins à domicile ze schaffen?

Dann schéckt eis Är Kandidature, mat Curriculum vitae an enger Lettre de motivation

Zurück

14 rue de l’Ecole
L-8352 Dahlem
Ihr Ansprechpartner
Service RH

Zurück

Online bewerben

Bitte rechnen Sie 8 plus 3.

Zurück