Cadre-Référent fir e Fleegezentrum (W/M) (CDI, 40 Stonnen/Woch)

Stellenart: Festanstellung Vollzeit

Zurück

COVIVA Lëtzebuerg sicht Verstäerkung!

Cadre-Référent fir e Fleegezentrum (W/M) 40 Stonnen/Woch (CDI CCT SAS)

Äer Missiounen:

Dir koordinéiert a garantéiert den deeglechen Oflaf vum Fleegezentrum
Dir sidd am Kontakt mam Client a senger Famill, an adaptéiert d’Déngschtleeschtungen no senge Besoinen
Dir stitt am Kontakt mat de lokalen Dokteren a Prestataire fir eng vollwäerteg Prise en Charge vum Client ze garantéieren
Dir encadréiert eng pluridisziplinär Equipe
Dir sidd responsabel fir d’Organisatioun vum Service
Dir sidd responsabel fir d‘Qualitéit an d’Kontinuitéit vun der Fleeg
Dir participéiert un der Ausschaffung an der Ëmsetzung vu Qualitéitsstandarden
Dir participéiert un der Entwécklung vum Betrib
Dir evaluéiert d’Kompetenze vun äre Mataarbechter
Dir participéiert bei der Astellung vun neie Mataarbechter

Äert Profil:

Dir sitt Titulaire vun engem Diplome d’Infirmier oder engem Diplome d’Études supérieures an enger Autorisation d’exercer zu Lëtzebuerg
Dir hutt e puer Joer Erfarung mat der Koordinatioun an der Leedung vun enger Equipe oder an enger similärer Funktioun
Dir maîtriséiert Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
Dir kennt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem an d’Struktur vun der Assurance Dépendance
Dir hutt Erfarung an der Gestioun vu Qualitéitsprojeten
Dir hutt Erfarung mat Kollektivverträg (SAS)
Dir sidd dynamesch, autonom an organiséiert
Dir maîtriséiert MS Office

Erfarung mat den informatesche Programmer Grips a MOCCA sinn vun Firdeel
Sidd dir motivéiert an enger dynamescher Equipe am Soins à domicile ze schaffen?

Dann schéckt eis Är Kandidature, mat Curriculum vitae an enger Lettre de motivation

Zurück

14 rue de l’Ecole
L-8352 Dahlem
Ihr Ansprechpartner
Service RH

Zurück

Online bewerben

Was ist die Summe aus 3 und 7?

Zurück