Mir siche fir de Service Hausmeeschteren een Artisan polyvalent (m/w) - 40Stonnen/Woch CDI
Profil
- Dir hutt een DAP am Beräich vum Handwierk, oder passend Qualifikatiounen
- Dir hutt Erfarung an der Ënnerhalung a Reparature vu Gebaier a sidd fäeg mat verschiddene Materialien ze schaffen
- Dir kënnt flexibel an autonom schaffen
- Dir hutt ee staarken Teamgeescht
- Dir hutt een valabelen Autosführerschäin
- Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
Mir bidden
- E Gehalt an Avantagen am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
- E motivéierenden, multidisziplinäert Aarbechtsfeld
- E Schaffen a multikulturellen a dynameschen Equippen
Wann Dir un eiser Propose interesséiert sidd an Dir Iech an dësem Profil erkennt, da schéckt eis är Kandidatur eran.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon
+352 49 53 46-1