Aide-Soignant(e) (W/M) - 20, 30 oder 38 Stonnen/Woch

Stellenart: Festanstellung Teilzeit Vollzeit

Zurück

Mir sichen Verstäerkung fir eis Equipe zu Duelem.

Aide-soignant(e) (W/M) 20, 30 oder 38 Stonnen/Woch (CCT SAS)

Är Missiounen:

  • D’Aktivitéiten an der Hëllef an Fleeg doheem beim Client assuréieren
  • All d’Hëllef an d’Fleeg, déi am Fleegeplang definéiert goufen, iwwerhuelen, fir dem Client ze hëllefen, säin Alldag sou gutt wéi et geet ze meeschteren, an dëst am Respekt virun sengen Gewunnechten a senger Privatsphär
  • Dat physescht an dat psychescht Wuelbefanne vum Client fërderen
  • Déi beschtméiglechst Liewensqualitéit fir den Client garantéieren
  • Bedeelegung un der Entwécklung an un der kontinuéierlecher Amelioratioun vum Service

Äert Profil:

  • Titulaire vun engem Diplome Aide-soignant an enger Autorisation d’exercer zu Lëtzebuerg sinn
  • Lëtzebuergesch schwätzen kënnen ass e Muss, Franséisch, Däitsch an Englesch sinn vun groussem Virdeel (all aner Sprooch ass en Atout)
  • Eng éischt professionell Erfarung an engem änlechen Posten ass vu Virdeel
  • Dir hutt en staarken Teamgeescht an gutt tëschemënschlech Fäegkeeten
  • Dir sidd dynamesch, autonom a flexibel
  • Dir hutt e Führerschäin Klass B

Mir bidden:

  • D'Schaffen an enger interdisziplinärer Equipe, déi d’Wäerter vu COVIVA vertrëtt
  • Flott Aarbechts-Konditiounen nom aktuellen Kollektivvertrag SAS

 

Sidd Dir motivéiert an enger dynamescher Equipe am Soins à domicile ze schaffen ?

Dann schéckt eis Är Kandidatur, mat Curriculum vitae an enger Lettre de motivation

Zurück

14 rue de l’Ecole
L-8352 Dahlem
Ihr Ansprechpartner
Service RH

Zurück

Online bewerben

Bitte addieren Sie 6 und 4.

Zurück