Administrativen Mataarbechter - Administration Centrale (m/w)

Arcus
Arbeitsort: Luxembourg
Stellenart: Festanstellung Vollzeit

Zurück

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

Mir siche fir direkt unzefänken, een Receptionnist/Administrative Mataarbechter (m/w) - 40Stonnen/Woch CDI fir eisen Accueil.

Responsabilitéiten

  • Kontakt an Empfang vu Clienten, Livreuren a Fournisseuren
  • Unhuelen a Weiderleedung vun Telefonater
  • Verwalte vun de Bréiwer
  • Verwalte vu Rendez-vouen a Meetingsräim
  • Geréieren vum dem Inventar (Bürosmaterial, Miwwelen, Lager…)
  • Duerchféieren vun verschiddene administrativen Aarbechten esou ewéi zum Beispill Sekretariats- an Archivéierungsaarbechten
  • Léise vu prakteschen an organisatoresche Froe fir de Service
  • Ënnerstëtze bei der Organisatioun vu Festivitéite fir d’Personal vun arcus asbl

Profil

  • Dir hutt Erfarung am administrative Beräich
  • Dir kënnt flexibel an autonom schaffen
  • Dir schafft mat grousser Prezisioun a Grëndlechkeet
  • Dir hutt eng kontaktfreedeg an oppen Perséinlechkeet
  • Dir hutt ee staarken Teamgeescht

Bildung an erfuerderlech Kompetenzen

  • Dir hutt een DAP oder ee BAC an hutt minimum 5 Joer Experienz an deem Beräich
  • Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
  • Dir hutt ganz gutt Kenntnisser am „MS Office“

Mir bidden

  • E Gehalt an Avantagen am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
  • E motivéierenden, multidisziplinäert Aarbechtsfeld an engem Service an Entwécklung
  • E Schaffen a multikulturellen a dynameschen Equippen
  • Aarbechtsstonnen, déi geleeëntlech eng Presenz am Owend an de Samschdeg ab Abrëll 2024 mat abezéien

Wann Dir un eiser Propose interesséiert sidd an Dir Iech an dësem Profil erkennt, da schéckt eis är Kandidatur eran.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Zurück

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon +352 49 53 46-1

Zurück