1 Sozialaarbechter (m/f/n), CDI 20St./Woch fir eise Service Beroden a Begleeden

Op der Schock
Arbeitsort: L-8501 Redange-Attert
Stellenart: Festanstellung Teilzeit
Kategorie: Soziale Arbeit

Zurück

Deng Missioun:

Du schaffs an engem Team mat Erzéier a Sozialpädagogen. D’Missioun vum Service ass et, Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi alleng, an der Koppel oder Famill oder an enger WG liewen, ze begleeden an deene Beräicher, wou et gebraucht gëtt.

Als Sozialaarbechter iwwerhëls du haaptsächlech Begleedungen a folgende Beräicher:

  • administrativ Demarchen (z.B. Statut vum Salarié handicapé, Revenus, finanziell Bäihëllefen, Tutelle/Curatelle asw)
  • Gestioun vun de Finanzen
  • Wunnengssich

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Assistant social oder Educateur gradué
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Eng respektvoll, wohlwollend an léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht
  • Gutt Kenntnisser vum gesetzleche Kader an den administrative Prozedure betreffend Wunnengsmaart, finanziell Bäihëllefen, Akommes vu Mënsche mat Beanträchtegung, Tutelle-Curatelle asw
  • Excellent Kommunikatiounskompetenzen (net wäertend, faktebaséiert, …)
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen, gutt Zäitgestioun
  • Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung
  • Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen :

  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot


Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach. Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81   E-mail: recrutement@ods.lu

Zurück

B.P 10
L-8501 Redange-Attert
Ihr Ansprechpartner
Nathalie Jacques

Zurück

Online bewerben

Was ist die Summe aus 8 und 9?

Zurück