e Responsable Adjoint vum Service Technique & Travailleur désigné fir Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht (m/w/d)

Ligue HMC
Arbeitsort: L-8311 Capellen
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Sicherheitsbeauftragte·r
Chiffre: STECH 08/2026

Zurück

Mir sichen fir eise Service Technique zu Capellen

e Responsable Adjoint vum Service Technique & Travailleur désigné fir Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht (m, w, d)

(Ref.: STECH 08/2026)

CDI, 40 Stonnen/Woch, CCT-SAS – Carrière C3 – C4

 

Är Missioun:

  • Dir ënnerstëtzt de Responsabel bei der Leedung vum technesche Service.
  • Dir hëlleft bei der Organisatioun vum Service an assuréiert de Kontakt mat externe Firmen a Fournisseuren.
  • Dir schafft aktiv an der Equipe mat an am enken Kontakt mat der Direktioun.
  • An Ärer Funktioun als Travailleur Désigné sidd Dir zoustänneg fir :
    • d'Iwwerwaachung vun der Konformitéit mat de gesetzlechen a reglementaresche Bestëmmungen am Beräich Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht,
    • d'Gestioun vun Aarbechtsonfäll a Beruffskrankheeten an d'Erstelle vu relevanten Analysen,
    • d'Duerchféierung vu Sécherheets-Auditen an Inspektiounen,
    • den Empfang, d'Formatioun an d'Sensibiliséierung vun de Mataarbechter am Beräich Sécherheet a Gesondheet.

Äre Profil:

  • Dir hutt en handwierklechen oder techneschen Diplom (oder en gläichwäertegen Ofschloss), eng Spezialisatioun an der Elektrotechnik ass e Virdeel.
  • Dir hutt gutt sozial Kompetenzen an en ausgepräägten Equippegeescht.
  • Dir schafft selbststänneg a iwwerhëlt gären Verantwortung.
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.
  • Dir hutt gutt administrativ, redaktionell an informatesch Kenntnisser.
  • Dir kennt d'Virschrëften am Beräich Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht.
  • Dir sidd am Besëtz vum Führerschäin Kategorie B.

Mir bidden

  • Eng interessant a villfälteg Aarbecht mat Verantwortung.
  • E flott, motivéiert an dynamescht Team an engem mënschlechen Aarbechtsëmfeld.
  • Flexibel Aarbechtszäiten, Méiglechkeete fir Weiderbildungen a perséinlech Entwécklung.

Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.

Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 30 92 32-286 oder 691 115 619.

D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënnen  u follgend Adress geschéckt ginn :

Ligue HMC

Direction

B.P. 49

L-8301 Capellen

per Mail un [email protected] oder [email protected]

www.ligue-hmc.lu

Zurück

82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Ihr Ansprechpartner
Service Ressources Humaines

Zurück

Online bewerben

Bitte addieren Sie 6 und 1.

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben