Wunnengshëllef association sans but lucratif reconnue d’utilité publique
sicht fir hire
Departement Administratioun
eng/en Responsabel RH & Organisatioun (m/w/d)
fir 20 Stonnen d’Woch (Deelzäit) an op onbestëmmten Zäit
mat direktem Utrëtt oder no Ofsprooch
Carrière – C5 / C4
Är Missiounen :
- Ressourcen Humaine (RH)
- Organisatioun & Administratioun
- Dateschutz & Konformitéit (RGPD)
Är Aufgaben :
Ressourcen Humaine (RH)
· Éischte Kontaktpunkt fir Mataarbechter*innen bei administrativen RH-Froen
· Gestioun vun der Personaladministratioun (Entréeën, Sortien, Kontrakter, Mutatiounen, Congéen)
· Féierung an Aktualiséierung vun de Personal-Dossieren
· Ënnerstëtzung beim Recrutement an dem Onboarding
· Organisatioun a Koordinatioun vu interne wéi och externe Formatiounen
· Koordinatioun an Kontroll vun de Salaire mat eisem Partner FEDAS
· Kontroll vun de Lounofrechnungen (Salaire, Sozialbäiträg, Ofzich, Mutatiounen)
Organisatioun & Administratioun
· Ënnerstëtzung vun der Direktioun bei organisatoreschen an administrativen Aufgaben
· Schnëttstell tëschent RH, Finanzen an Direktioun, inkl. Back-up fir alldeeglech finanziell Administratioun
· Ausaarbechtung an Aktualiséierung vu Prozeduren a Richtlinnen a Kollaboratioun mat de Servicer
Dateschutz & Konformitéit (RGPD)
· Koordinatioun an Zesummenaarbecht mam externe Dateschutzdelegéierten (DPO)
· Suivi vun der Ëmsetzung an dem Respekt vun de legalen Ufuerderungen am Dateschutz
· Gestioun an Aktualiséierung vun der RGPD-Dokumentatioun
Äre Profil :
· Ausbildung am Beräich Ressourcen Humaine (RH) oder eng gläichwäerteg Ausbildung (Administratioun / Gestioun) mat unerkannten RH-Zertifikater
· Beruffserfarung an der RH-Administratioun an/oder an der Koordinatioun vu Salairen
· Gutt Grondkenntnesser am lëtzebuergesche Aarbechtsrecht
· Gutt Kenntnesser vun der CCT SAS
· Exzellent organisatoresch Fäegkeeten an eng strukturéiert Aarbechtsweis
· Héije Sënn fir Diskretioun, Zouverlässegkeet a Verantwortung
· Selbststänneg Aarbechtsweis an eng lösungsorientéiert Approche
· Ganz gutt Kenntnesser vun den dräi offiziellen Sproochen am Groussherzogtum Lëtzebuerg: Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch; weider Sprooche si vun Avantage
Remuneratioun & Konditiounen
De Salaire an d’Aarbechtskonditioune richte sech no der CCT SAS – C4 oder C5, jee no Profil an Erfarung.
Kandidatur
Är komplett Dossieren (Foto, Motivatiounsbréif, CV an Kopië vun den Diplomer) si bis spéitstens den 14. Abrëll 2026 ze schécken un:
Am Fall vun enger Astellung gëtt e Casier judiciaire gefrot, fir d’Honorabilitéit ze evaluéieren, am Kader vun den Ufuerderunge vum Poste.