Ee Psychotherapeut (m/f/d) Réf: SA-PSY-DEM

Fondation Kannerschlass
Arbeitsort: Esch-sur-Alzette
Stellenart: Festanstellung Teilzeit
Kategorie: Psychotherapeut·in Andere Jobs
Chiffre: SA-PSY-DEM

Zurück

D’FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :

Fir de «Foyer DEMIAN» zu Esch Uelzecht

Ee Psychotherapeut (m/f/d)

CDI 20 Stonnen/Woch

Referenz : SA-PSY-DEM

Dëse Poste betrëfft de Foyer Demian zu Esch-Uelzecht, eng stationär Ariichtung fir 8 Kanner/Jugendlecher am Alter tëscht 4 an 18 Joer. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner/Jugendlecher an hirer Liewenswelt ze begéinen an hinnen déi néideg Hëllefsstellungen ze ginn. De Psychotherapeut erlieft den Alldag vun de Kanner/Jugendlecher deels mat fir kënnen eng adaptéiert therapeutesch Begleedung unzebidden.

Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Ekipp.

Missiounen

  • Zesummenaarbecht mat der Ekipp fir d'Verständnis vum Alldagsliewe vum Foyer ;
  • individuelle Suivi vun de Kanner/Jugendlechen aus dem Foyer ;
  • aktiv Zesummenaarbecht mat den externe Professionnellen an den Famillen zum Wuel vun de Kanner/Jugendlechen.

Noutwendeg Kompetenzen

  • Dir hutt e 5-järegen universitäre Psychologie-Studium absolvéiert an en Diplom vum Psychotherapeut ;
  • Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Ekipp ze schaffen ;
  • Dir schwätzt a schreift fléissend déi dräi Landessproochen;
  • Fürerschäin B ;
  • Eng berufflech Erfarung am Beräich vu Kanner/Jugendlechen ass vu Virdeel.

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 10. Januar 2026 mat der Referenz SA-PSY-DEM
un d’E-Mail-Adress:
[email protected]

 

Zurück

Fondation Kannerschlass
12, rue Churchill
L-4434 Soleuvre
Ihr Ansprechpartner
Rachel Sebastiani
Telefon +352 59 59 59-1

Zurück

Online bewerben

Was ist die Summe aus 2 und 7?

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben