1 Psycholog, (m/f/n), CDI 30-40h/Woch fir eise Service Ressources

Op der Schock
Arbeitsort: L-8508 Redange / Attert
Stellenart: Festanstellung Teilzeit Vollzeit
Kategorie: Psychologe·in
Chiffre: REF: ASBL202609

Zurück

Op der Schock, asbl stellt an:

1 Psycholog, (m/f/n), CDI 30-40h/Woch fir eise Service Ressources – REF: ASBL202609

Deng Missioun:

·   Zesummenaarbecht an engem multidisziplinärem Team

·   Psychologesch Begleedung vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung

           - Individuell Suivien an enger ganzheetlecher Approche, Gespréichsgruppen…

           - Bedeelegung um diagnostesche Prozess vun de betreite Persounen

           - Bedeelegung un der Evaluatioun vun de Besoinen an de Ressource vun de betreite Persounen

           - Aktive fachlechen Austausch an Matschaffen an der Erstellung vun Begleedungspläng

·   Fachlech Ënnerstëtzung vun den Equippen um Terrain bei psychologeschen, relationalen oder verhalenskreativen Erausfuerderungen, besonnesch a méi komplexe Situatiounen

·   Gestioun vun den Admissiounen an eisen verschiddenen Servicer an Begleedung vun dësem Prozess

·   Verschrëftlechung vu Konzepter, Verfaasse vu Rapporten a fachlecher Dokumentatioun

 

Qualifikatioun a Kompetenzen déi’s du matbrénge solls:

·   Een zu Lëtzebuerg unerkannte Diplom als Psycholog

·   Erfahrung an der Aarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel

·   Fachlech a pädagogesch Kompetenzen mat engem ganzheetlechen Usaz an der Begleedung

·   Gutt Fäegkeeten an der Organisatioun: strukturéiert, koordinéiert an zilorientéiert Aarbechtsweis mat enger gudder Zäitgestioun

·   Wohlwollend a wäertschätzend Haltung, mat Humor a Liichtegkeet an der Zesummenaarbecht

·   Kapabel autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen

·   Flexibilitéit an Teamfäegkeet

·   Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung an an der Kommunikatioun

·   Gutt PC-Kenntnisser

 

Wat mir dir bidden ?

·   Horaire: gëtt Opgrond vun den Suivi’en ugepasst – tëschent 8h-18h

·   Zesummeschaffen an engem dynameschen a motivéierten Team

·   Vernetzung mat anere Servicer

·   Reegelméisseg Formatiounen

·   Salaire a Konditioune vum CCT SAS, Carrière C7

 

Konditiounen:

·   Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch

·   Führerschäin B

·   Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3, 4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Mataarbechter hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg, Casier) un:

Op der Schock - Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: [email protected]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach.

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren Tel: 00352 26 62 18 81

Zurück

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Ihr Ansprechpartner
Nathalie Jacques

Zurück

Online bewerben

Bitte rechnen Sie 2 plus 6.

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben