Mir siche fir eise Service Espace Famille
en-g Psycholog-in oder en-g Pedagog-in (m-w-d)
(Réf. : EF 11/2025)
CDI 20 - 40 Stonne-Woch / CCT SAS
Är Missioun:
- Berodung a Begleedung vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Famillen.
- Ënnerstëtzung an hirem Liewensprojet, hirer Selbstbestëmmung souwéi hirer perséinlecher Entwécklung an alle Liewensberäicher.
- Zesummenaarbecht a Berodung vun den Ekippen.
- Entwécklungsdiagnostik: Evaluatioun a Bilan vu kognitiven, sozio-emotionalen an adaptive Kompetenzen.
- Formatioun fir d’Mataarbechter mat enger Beanträchtegung.
- Weiderentwécklung vu bestoenden an zukünftege Projete.
Äre Profil:
- Therapeutesch Ausbildung oder Erfahrung am Beräich vun der Berodung si vu Virdeel.
- Teamfäegkeet a Fäegkeet fir selbststänneg ze schaffen a sech ze organiséieren.
- Bereet sinn sech weiderzebilden.
- Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen kënnen, Portugiseschkenntnisser si vu Virdeel.
- Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin B hunn.
Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.
Fir weider Informatiounen kënnt Dir uruffen um 309232-244.
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.
D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne geschéckt ginn un:
Ligue HMC a.s.b.l.
Direction
B.P. 49
L-8301 Capellen
oder per Mail un [email protected]
82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Ihr Ansprechpartner
Service Ressources Humaines
Telefon
+352 30 92 32 - 222