Op der Schock, asbl stellt an:
Mir verstäerken eis Teams Service Ressources a Service Formation a sichen dofir een Educateur gradué. Bei Interessi un enger Deelzäitbeschäftegung besteet d’Méiglechkeet den Posten opzedeelen.
1 Pädagoge oder Ergotherapeut, (m/f/n), CDI 40h oder 2x20St./Woch fir eise Service Formation an Ressources - REF: ASBL202605
- Coordinatioun vun eisem Service Formation -
Deng Missioun:
Leedung vum Service Formation assuréieren a fir ee gudde Fonctionnement suergen, am Aklang mat de Wäerter an der Philosophie vun Op der Schock.
D‘Schwéierpunkte vun denger Aarbecht leien a follgende Beräicher:
· Leedung vum Team
-
- Aarbechtsorganisatioun a Fonctionnement vum Alldag mat der Equipe zesumme plangen an ëmsetzen
- Leedung vun Teamversammlungen
- Féierung vu Mataarbechtergespréicher
· Ënnerstëtzung an der pädagogescher Aarbecht
-
- Formatiounsmoduler an Evaluatiounen mat opbauen, ëmsetzen an weiderentwéckelen
- Stagen an Admissiounen matbegleeden
- Rapporten schreiwen an Gespréicher féiren
- Aarbechtsofleef strukturéieren an un d’Kompetenze vun eise Beneficiairen upassen
- Fërderung vun de Kompetenze vun de Beneficiairen
· Ënnerstëtzung am Encadrement an Ersetze vu Krankeschäiner an der Equipe
· Reegelméisseg Kompetenzen vun de Beneficiairen evaluéieren an doropshin Formatiounspläng upassen (initiale Kompetenzenbilan, Dokumentatioun vun den Aktivitéiten, Formatiounspläng a Projeten zur berufflecher Inklusioun).
- Projetsgestioun am Service Ressources -
Deng Missioun:
Entwécklung, Opbau an Ëmsetzung vu Projeten am Service Ressources mat dem Zil, d’berufflech Inklusioun an d’Kompetenzentwécklung vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ze stäerken am Aklang mat de Wäerter an der Philosophie vun Op der Schock.
D‘Schwéierpunkte vun denger Aarbecht leien an follgende Beräicher:
· Opbau, Planung an Ëmsetzung vu Projeten zesummen mam Team
-
- Thematesch Konferenzen an Gespréichsgruppen fir Beneficiairen, Famillen, etc. organiséieren a leeden
- Nei Projete mat ausschaffen
· Konzipéierung an Ëmsetzung vum Projet „Evaluatioun vun berufflechen Kompetenzen an Inklusioun op den Aarbechtsmaart“
-
- Mise en place a Suivi vun engem neie Logiciel fir déi berufflech Kompetenzen ze erfaassen
- Aweisung a Formatioun vun de Mataarbechter fir mam Logiciel ze schaffen
- Enk Zesummenaarbecht mam Service Formation an mat den Ateliers d’inclusion professionnelle am Hibléck op Kompetenzopbau a berufflech Perspektiven
Qualifikatioun a Kompetenzen déi’s du matbrénge solls:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannte Diplom als Pädagoge/ Ergotherapeut oder ähnlech
- Erfahrung an der Leedung vun engem Service an am Beräich vun der Formatioun
- Ee Leadership, gepräägt duerch eng respektvoll, wohlwollend a léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht,
- Fachlech a pädagogesch Kompetenzen mat engem ganzheetlechen Usaz an der Begleedung
- Gutt Fäegkeeten an der Organisatioun: strukturéiert, koordinéiert an zilorientéiert Aarbechtsweis mat enger gudder Zäitgestioun
- Fäegkeet, Freed a Motivatioun, souwéi och den Equippegeescht ze fërderen
- Wohlwollend a wäertschätzend Haltung, mat Humor a Liichtegkeet an der Zesummenaarbecht
- Kapabel autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung an an der Kommunikatioun
- Flexibilitéit an Teamfäegkeet
- Gutt PC-Kenntnisser
Wat mir dir bidden ?
- Zesummeschaffen an engem dynameschen a motivéierten Team
- Vernetzung mat anere Servicer
- Reegelméisseg Formatiounen
- Aschaffen vun anere Memberen aus der Equipe a vun der Direktioun
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS, Carrière C6
Konditiounen:
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
- Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Mataarbechter hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg, Casier) un:
Op der Schock - Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: [email protected]
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren
Tel: 00352 26 62 18 81