Responsable de service Jugendwunnen

Wunnengshellef ASBL
Arbeitsort: L-2444 Luxembourg
Stellenart: Vollzeit
Kategorie: Graduierte·r Erzieher·in Sozialassistent·in

Zurück

Wunnengshëllef association sans but lucratif reconnue d’utilité publique

 

sicht eng Persoun fir

Responsable d’équipe fir d‘Jugendwunnen C6 (m/f/d)

fir 40 Stonnen d’Woch an op onbestëmmten Zäit
mat direktem Utrëtt oder no Ofsprooch

 

 

 

Är Aufgaben:

 

 

Leadership :

 

·         An enker Zesummenaarbecht mat der Coordinatrice des activités sociales déi deeglech Leedung vun der Equippe vum Jugenwunnen iwwerhuelen;

·         Entwéckelen an Erhale vun engem positiven Aarbechtsklima, baséiert op Zesummenaarbecht, Respekt a Matverantwortung;

·         Sécherstelle vun der Ëmsetzung vun de verschiddene Direktiven;

·         Bei der Ausaarbechtung a d’Aktualiséierung vun den Aarbechtsprozeduren matwierken

 

 

Als aktive Member vun der Ekipp vum Jugendwunnen :

 

·         Perséinlech d‘sozial Begleedung vun de Jonken an hire Liewenssituatiounen assuréieren;

·         D’Autonomie stäerken an d’sozial Integratioun fërderen;

·         Individuell Begleedungsprojeten plangen, koordinéieren an ëmsetzen;

·         Un der Organisatioun an dem deegleche Fonctionnement vun der Struktur matwierken;

·         An engem multidisziplinären Team schaffen a mat Partneren aus dem soziale Secteur zesummeschaffen;

·         Eng strukturéiert administrativ a schrëftlech Dokumentatioun vun de Situatioune garantéieren.

 

 

Äre Profil:

·         Diplom als Educateur/trice gradué/e oder Sozialaarbechter/in mat Autorisatioun d’exercer oder Bachelor am soziale/educative Beräich (oder gläichwäerteg unerkannt);

·         Eng relevant berufflech Erfarung fir d’Aufgaben autonom a professionell auszeféieren

·         Gutt Organisatiounsfäegkeeten, Autonomie, Dynamik an Teamgeescht;

·         Fäegkeet sech un ënnerschiddlech Situatiounen unzepassen;

·         Gutt relational a kommunikativ Kompetenzen;

·         Gutt schrëftlech Kompetenzen;

·         Gutt Kenntnisser vun de Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch Sproochen;

·         Gutt Kenntnisser an MS Office;

·         Flexibilitéit wat d’Aarbechtszäiten ugeet;

·         Führerschäi B an eegenen Auto.

Mir bidden:

·         En dynameschen an engagéierten Aarbechtsëmfeld am soziale Secteur;

·         Eng grouss Diversitéit u Missiounen a Publicen;

·         Méiglechkeete fir intern Entwécklung jee no Besoine vun der Associatioun;

·         Gehalt an Aarbechtsbedéngungen no der CCT SAS.

 

D’Kandidaturen, mat Foto, Motivatiounsbréif, CV a Kopië vun den Diplomer an, wann zoutreffend, der Autorisatioun d’exercer, si bis den 9. Oktober 2026 per Mail op: [email protected] ze schécken.

 

Wunnéngshëllef asbl

60 rue des Romains, L-2444 Luxembourg

Tel. 408.208 – www.wunnengshellef.lu

 

Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Zurück

60 Rue des Romains, 2444 Luxembourg
2444 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Tom Brassel
Telefon +352 40 82 08

Zurück

Online bewerben

Bitte rechnen Sie 6 plus 7.

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben