Mir sichen:
Een graduéierten Erzéier, deen kreativ ass an autonom, wei och an der Equipe, schaffen kann an eis aktuell éducativ Equipe ënnerstëtzt.
D'Kenntnisser vun de Sprooche Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch sinn e Muss, genausou wei den Besëtz vun engem gültegen Führerschäin an der Cat. B.
D'Ëmgoe mat de Soziale Medien a verschiddenen Infomatiksprogrammer gehéieren zum Alldag.
Aufgaben:
D'Encadréiere vun de Jonken an de Jugendhaiser vun Dënschdes bis Samschdes zu Olm an zu Kielen an der Gemeng Kielen.
Organiséiren an ausféiren vun Aktivitéiten fir dei Jonk, mee virun allem mat deenen Jonken.
Mir bidden:
SAS Kollektivvertrag
D'Deelhuelen un weiderbildenen Formatiounen, souwei variabel Horairen.
Wann Dir interesséiert sidd, da schéckt eis w.e.g. folgend Dokumenter ob Juki asbl 9, rue d'Indépendance L-8327 Olm:
Lettre de motivation
en detailléierten CV mat enger rezenter Foto
Rezent Extrait aus dem Casier judiciaire ( N°3, N°4 'Interdiction de conduire', N°5 'Protection des mineurs'
Kopie vun der Carte d'Identité
Kopie vun den Diplomer an Zertifikaen