Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Service ETAP zu Uewerkuer

APEMH
Arbeitsort: Uewerkuer
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Graduierte·r Erzieher·in

Zurück

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire Service ETAP zu Uewerkuer een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir een CDI - 40 Stonnen/Woch fir den 01.06.2026 oder no Ofsprooch. 


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, …). 


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot. 


  

RESPONSABILITÉITEN 


  • Individuell Begleedung vu jonken Erwuessene mat enger intellektueller Beanträchtegung. 

  • Opbau a Realisatioun vun engem “Projet de vie” a Kooperatioun mat de Léit an der Equipe. 

  • Evaluatioun vu Besoinen an Upassunge fir déi passend Ënnerstëtzung ze fannen. 

  • Aktivitéiten am Alldag plangen, organiséieren an ëmsetzen. 

  


OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN 


D' Kandidate sollen: 


  • Am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn 

  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen 

  • Eegestänneg an organiséiert schaffe kennen 

  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 

  • De Führerschäin Klass B hunn 

  


WENSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN 


Erfarung an der Aarbecht zesumme mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel. 



Mir bidden :


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedingungen (Carrière C3 oder C4)

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Arbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.


Zurück

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück

Haben Sie sich auf diese Stelle beworben?

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Service ETAP zu Uewerkuer bei APEMH

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben