een geléierten Landschaftsgärtner (w/m/x) - Atelier Housen

APEMH
Arbeitsort: Housen
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Gärtner·in

Zurück

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Housen, een geléierten Landschaftsgärtner (w/m/x) fir een CDI - 40Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.



Responsabilitéiten


Mat engem Grupp vun Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung innovativ an kreativ an Ärer Beruffsbranch schaffen.



Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidaten sollen:


  • Am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Landschaftsgärtner sinn

  • Iwwert Beruffserfarung verfügen

  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung

  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • Equipeaarbecht als Bestand vu dëser Aarbecht ugesinn

  • Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

  • De Führerschäin Klass B hunn



Wënschenswäert Ufuerderungen


De Führerschäin Klass BE (Unhängerschäin) ass vu Virdeel.



Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung


Zurück

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück

Haben Sie sich auf diese Stelle beworben?

een geléierten Landschaftsgärtner (w/m/x) - Atelier Housen bei APEMH

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben