Mir sichen fir eis Wunngemeinschaft Baastenduerfer Haus
en-g Educateur-trice diplômé-e (m-w-d)
(Ref.: BAH 01/2026)
CDI 40 Stonnen/Woch
Är Missioun:
- Mënsche mat enger Beanträchtegung an hirer Autonomie ënnerstëtzen a si am Alldag, an hirer Fräizäit an an hirem sozialen Ëmfeld begleeden.
- Hëllef an Ënnerstëtzung bei den actes essentiels de la vie.
- Zesumme mat de Bewunner hire perséinleche Liewensprojet gestalten.
- Zesummenaarbecht an enger multidisziplinärer Equipe.
Äre Profil:
- Loscht hunn, mat Mënschen ze schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn.
- Kontaktfreedeg sinn an Equippegeescht hunn, autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen.
- Gäere Schichte schaffen.
- Flexibel sinn an de Courage hunn, sech och mol op schwiereg Situatiounen anzeloossen.
- Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwe kënnen.
- Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.
Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.
Fir weider Informatiounen kënnt Dir uruffen um 621 262 273.
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.
D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne geschéckt ginn un:
Ligue HMC a.s.b.l.
Direction
B.P. 49
L-8301 Capellen oder
per Mail un [email protected]
www.ligue-hmc.lu
82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Ihr Ansprechpartner
Service Ressources Humaines
Telefon
+352 30 92 32 - 222