Kach (M/W/NB) - Maison Relais Capellen

Arcus
Arbeitsort: L-8310 Capellen
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Erzieher·in in Krippe/Kita

Zurück

Mir siche fir d’Maison Relais Capellen en Kach (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch


An der Maison Relais zu Capelle leeë mir grousse Wäert op Teamgeescht a Qualitéit. Als neie Member vun eiser Kichenekipp bass du matresponsabel fir d'Zoubereedung vu frësche Moolzechten an hëllefs eis dobäi, den héije Standard vun eiser inklusiver an häerzlecher Struktur ze garantéiren.


Deng Aufgaben:

  • Enk  Zesummenaarbecht mam Chefkach fir equilibréiert an ofwiesslungsräich Menüen ze plangen

  • Molzechte preparéieren a presentéieren

  • En Schaffen no den HACCP-Normen

  • Iesse fir Kanner mat Allergien oder spezielle Besoine preparéieren a garantéieren datt et zu kenge Kräizkontaminatiounen kënnt

  • D’Kanner fir eng gesond Ernärung begeeschteren


Däi Profil:

  • Besetz vun engem a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • E fundéiert Wësse am Beräich equilibréiert Ernärung fir kleng a grouss Kanner

  • Zäitmanagement a Gestioun vum Stock

  • Allergien an kulturell Restriktiounen eescht huelen

  • Gedold a Verständnis vis-à-vis vun de Kanner


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis :

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)

Zurück

52b Avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon +352 49 53 46-1

Zurück

Haben Sie sich auf diese Stelle beworben?

Kach (M/W/NB) - Maison Relais Capellen bei Arcus

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben