Infirmier diplômé

Autisme Luxembourg
Arbeitsort: L-9741 Boxhorn
Stellenart: Festanstellung Teilzeit Vollzeit
Kategorie: Diplomierte Pflegefachkraft

Zurück

Mir starten dëst Joer e ganz neie Projet zu Péiteng. Dobäi handelt et sech esouwuel ëm e betréite Wunngrupp (8 Leit), ewéi ëm Autonom Wunne mat punktueller Betreiung.

Dëse neie Projet féiert zur Kreatioun vun neien Aarbechtsplazen, esouwuel zu Péiteng, ewéi och an de bestoenden Servicer vun Autisme Luxembourg asbl.

Follgend interessant a ganz ënnerschiddlech Poste sinn ze besetzen:

Fir de betréiten Wunngrupp zu Boxer :

  • Infirmier (m/w), CDI, Voll- oder Deelzäit

Fir de betréiten Wunngrupp zu Péiteng ,:

  • Educateur diplômé(m/w), CDI, Voll- oder Deelzäit
  • Infirmier (m/w), CDI, Voll- oder Deelzäit
  • Aide-soignant (m/w), CDI, Voll- oder Deelzäit
  • Psychologue (m/w), CDI, Voll- oder Deelzäit

Fir d’Autonom Wunnen zu Péiteng mat punktueller Betreiung :

  • Educateur diplômé(m/w), CDI, 20, 25, 30 oder 32 Stonnen/Woch

Fir de Centre de Jour spécialisé zu Sandweiler :

  • Educateur diplômé(m/w), CDI, Voll- oder Deelzäit

Fir den Atelier d’inclusion professionnelle zu Biekerech :

·         Educateur diplômé(m/w), CDI, Voll- oder Deelzäit

 

Dir hutt Loscht en neie Projet mat ze entwéckelen?

Dir hutt Free an enger gudder Aarbechtsatmosphär zesummen an engem multidisziplinären Team déi Leit déi mir betreien an hirer Entwécklung weider ze bréngen?

Dir wëllt ee wichtege Bestanddeel vun Autisme Luxembourg asbl ginn ?

Mir bidden Iech :

  • E Gehalt konform zu der gesichter Qualifikatioun an dem lëtzebuergeschem Kollektivvertrag fir de Gesondheets- a Sozialsecteur.
  • Eng Aarbecht an engem multidisziplinären Team, wou jiddwereen seng Fachkompetenz matbréngt, fir Léit mat Autismus beschtméiglech ze fërderen an ze begleeden.
  • Eng Astellung bei enger Asbl, déi vun hire Mataarbechter eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung erwaart.
  • Deel ze si vun enger dynamescher Asbl, der et wichteg ass, sech ëmmer weider ze entwéckelen, fir esou Mënsche mat Autismus, mee awer och den eegene Mataarbechter ëmmer néi Méiglechkeeten op ze maachen.

Interesséiert ? Da wär déi éischt Viraussetzung schonns erfëllt !

  • Dir hutt déi néideg fachlech Kompetenzen ?
  • Iech ass eng héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung wichteg ?
  • Dir sidd weltoppen a verantwortungsbewosst ?
  • Dir wierkt gäre positiv op Är Matmënschen (an dësem Fall: betreite Persounen, Mataarbechter an Direktioun) ?
  • Dir kënnt Iech méiglechst op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch verstännegen ?

Dir hutt bei alle Froe mat Jo geäntwert? Da steet Ärer Kandidatur näischt méi am Wee !

Mir freeën eis, Är Kandidatur bis zum 20. Mee 2026 u follgend Adress ze kréien :

„Autisme Luxembourg asbl, 1 Jos Seyler Strooss, L-8522 Biekerech“ oder iwwert Email un [email protected]

 

Zurück

1, Jos Seyler Strooss
L-8522 Beckerich
Ihr Ansprechpartner
Marc De Geest
Telefon +352 266 233 1

Zurück

Online bewerben

Bitte addieren Sie 2 und 3.

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben