En-g Encadrant-e als Springer (m/w/d) - Ref.: 10/2025

Ligue HMC
Arbeitsort: L-8311 Capellen
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Andere Jobs

Zurück

Mir siche fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Capellen

en-g Encadrant-e als Springer (w/m/d)

Carrière C3

(Ref.: Springer 10/2025)
CDI 40 Stonne-Woch / CCT SAS

 

Är Missioun:

  • Zesummen an enger Ekipp mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung villfälteg Aarbechte fir Entreprisen duerchféieren (triage, recyclage, démontage,...)
  • Dir ersetzt oder ënnerstëtzt eis extern Ekippen op der Gemeng Lëtzebuerg , zu Gaasperech an zu Colmar-Bierg
  • Organisatioun vum Atelier
  • Aktiv Kontakt mat Entreprisen ophuelen, fir nei Opträg ze kréien, an Offeren op Basis vun hire Besoinen ze erstellen

Äre Profil:

  • Motivéiert si, fir mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ze schaffen a si am Beruffsalldag ze ënnerstëtzen
  • An enger Equipe schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen
  • Gutt handwierklech Fäegkeeten hunn a kierperlech fit sinn
  • Gutt organiséieren a plange kënnen
  • Flexibel a villsäiteg sinn a mat méi schwierege Situatiounen eens ginn
  • Eng proaktiv Approche hunn, fir nei Kontakter a professionell Relatioune opzebauen
  • Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwe kënnen
  • Grondkenntnisser am Ëmgang mam Computer an e Führerschäin Klass B hunn, de Clark-Führerschäin ass vu Virdeel

Mir bidden:

  • Eng attraktiv Remuneratioun an Aarbechtskonditiounen laut dem Kollektiv Vertrag SAS
  • Aarbechtszäiten vu Méindes bis Freides
  • Eng flott an ofwiesslungsräich Aarbecht

Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.

Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 621 451 494.

D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens den
12. November 2025 geschéckt ginn un:

Ligue HMC coopérative s.c.
Direction
B.P. 49
L-8301 Capellen
oder per Mail un [email protected]
www.ligue-hmc.lu

Zurück

82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Ihr Ansprechpartner
Service Ressources Humaines

Zurück

Online bewerben

Bitte addieren Sie 5 und 6.

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben