D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Buanderie um Nossbierg een polyvalenten Mataarbechter (w/m/x) fir een CDI an Vollzäit fir direkt oder no Ofsproch
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Är Aufgabeberäicher sinn:
Déi ënnerschiddlech Aarbechten ze maachen, déi an eiser Buanderie ufalen: Wäschen, Strecken, Falen.
Eng Équipe vun Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung bei der Aarbecht ze begleeden.
Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidate sollen:
iwwert Beruffserfahrung an enger Wäscherei verfügen
motivéiert sinn, fir autonom, organiséiert an polyvalent ze schaffen
Zouverlässeg, flexibel a motivéiert Aarbechtsweis
verantwortung iwwerhuelen kennen
d’Lëtzebuergesch Sprooch ass noutwenneg, franséisch an däitsch Sprooch ass ee Virdeel
de Führerschäin Klass B hunn
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.