KABEMEWA asbl. (Kannerbetreiung Mäertert-Waasserbëlleg) engagéiert fir d'Besoin‘e vun hire Maison Relais Mäertert/Waasserbëlleg fir Kanner am Alter vun 3 bis 13 Joer:
Studenten (m/f) fir d'Vakanzenaktivitéite vun der Gemeng Mäertert. Des ginn organiséiert vun de Maison Relais Kabemewa asbl. an Zesummenaarbecht mat der Gemengeverwaltung Mäertert.
Profil:
• Sport, Natur, Kreativitéit, Theater, Déieren, Kultur an Zukunftsprojete faszinéieren dech?
• Du bass interesséiert fir mat Kanner ze schaffen a vermëttels gären deng Interessien ?
• Du besëtz e Brevet Animateur A oder B an du bass volljäreg?
Wann dëst de Fall ass, ass dëse Studentenjob fir dech gemaach a mir bidden dir eng attraktiv Aarbecht an engem dynameschen Team mat:
• Dauer vum Aarbechtsvertrag: 32 Stonne/Woch fir d'Zäit vum 14.07.2025 bis de 25.07.2025
• Mir maachen drop opmierksam, datt d’Plaze limitéiert sinn
• D’Astellung baséiert sech op d‘Bewerbung's Dossieren
Bereet follgend d'Dokumenter vir, déi um Enn vum Bewerbungsformular musse virgeluecht ginn:
• Motivatiounsbréif
• Zertifikat vum Schouljoer 2024/2025 (Aschreiwung an engem Lycée, enger Uni,…)
• Kopie vum Brevet Animateur A oder B
• Kopie vum Diplom wann dëse verfügbar ass (Lycée, Uni oder leschten Diplom)
• 1. Hëllef Formatioun, gülteg an unerkannt zu Lëtzebuerg
• Falls du agestallt gëss, ginn d’Auszich aus dem Casier Judiciaire (n° 3, 4 a 5) gefrot
Verantwortlechkeeten:
• D’Funktioun vum "Hëllefs-Animateur" wärend de Vakanzenaktivitéite fir Kanner, ënnert der Verantwortung vum pädagogeschen Personal vun der Maison Relais, iwwerhuelen
• Organiséieren an Ëmsetzen vu pädagogesche Fräizäitaktivitéite am Kader vun de Vakanzenaktivitéiten
• Zesummen an engem Team schaffen
Viraussetzungen:
• D'Kandidate mussen de 14. Juli 2025 mindestens 18 Joer al sinn
• Interesse u Beruffer am Bildungs- oder Kannerbetreiungsberäich hunn
• Erfarung als Animateur ass vu Virdeel
• Et muss een organiséiert, flexibel, kreativ a motivéiert si fir mat Kanner vun 3 bis 13 Joer ze schaffen
• Gutt Kenntnisser vun der Lëtzebuerger, Franséischer an Däitscher Sprooch hunn
• Teamfäeg sinn
Mir bidden:
• Studentenjobs vun 32 Stonne/Woch fir d'Zäit vum 14.07.2025 bis 25.07.2025
