Educateur diplomé / DAP Education - Maison Relais Réimech (m/w/d)

Arcus
Arbeitsort: L-1420 Luxembourg
Stellenart: Festanstellung Teilzeit
Kategorie: Sozialpädagoge

Zurück

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


D'Maison Relais Réimech, befënnt sech ganz grenzno an am Stadkär vun der Muselgemeng Réimech. Hei sënn 263 Platze fir Kanner aus dem Cycle 1 bis 4. Mir setzen e grousse Wäert  op dat regionaalt a sinn och immens naturverbonnen op Grond vun der Proximitéit vun de Miseler Wäibierger. Ma net nëmmen d'Natur mee och Sprooche ginn hei valoriséiert. Net manner ewéi 45 verschiddenen Sprooche ginn an der Maison Relais geschwat an esou kënne d'Kanner déi verschidde Sprooche vuneneen a matenee léieren. Déi jonk an dynamesch Equipe besteet aus 27 fachkompetenten Persounen. Bass du intresséiert? Da mell dech elo !


Responsabilitéiten

Mir siche fir d’Maison Relais Réimech: Educateur diplomé / DAP Education (m/w/d) - 20-30 Stonnen/Woch CDI


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
  • Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
  • Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen


Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Zurück

Avenue Gaston Diderich52B
L-1420 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon +352 49 53 46-1

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben