Educateur diplômé - Crèche Mäerzeg (M/W/NB)

Arcus
Arbeitsort: 9168 Mertzig
Stellenart: Festanstellung Teilzeit
Kategorie: Sozialpädagoge

Zurück

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


D'Crèche Mäerzeg bitt Plaz fir 27 Kanner a leit an enger ländlecher Regioun, déi duerch hir roueg a naturno Lag déi ideal Viraussetzunge fir Fräizäitaktivitéiten an der Natur bitt. Mir bidden e familiärt Ëmfeld a setze grousse Wäert op Elterenpartnerschaft an déi regional Vernetzung. Fir eist dynamescht Team, dat aus 8 fachkompetenten Persoune besteet, siche mir dech, en engagéierten a motivéierte Mataarbechter, dee Loscht huet an enger empathescher Ekipp ze schaffen an d'Kanner mat Freed op hirem Wee ze begleeden.


Responsabilitéiten

Mir siche fir d'Crèche Mäerzeg: Educateur diplômé (M/W/NB) - 30 Stonnen/Woch, CDI


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten


Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld



    (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


Zurück

Rue Principale31A
9168 Mertzig
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon +352 49 53 46-1

Zurück

Haben Sie sich auf diese Stelle beworben?

Educateur diplômé - Crèche Mäerzeg (M/W/NB) bei Arcus

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben