Assistant social/ Educateur gradué/ Educateur diplômé (M/W/NB) – Aide Familiale/ Comibus

Arcus
Arbeitsort: L-5955 Itzig
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Sozialpädagoge

Zurück

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 ekontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide àl’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäegOrganisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen anErfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekta Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déinéideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hireMataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewegeSecteur mat Zukunft.


Mir siche fir d'arcus Familljenhaiser (Service Aide Familiale/Comibus): Assistant social/ Educateur gradué/ Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 32-40 Stonnen/Woch, baséiert zu Izeg


Responsabilitéiten:

  • Du mëss de Clearing vun de Bedürfnisser vun de Familljen

  • Du organiséiers, plangs a koordinéiers d’Aarbechtspläng

  • Du bass den direkten Uspriechpartner a Coach fir d’MA aus der Ekipp Aide Familiale / Comibus

  • Du bass zoustänneg fir de Networking vun der Aktivitéit Aide Familiale

  • Du féiers Gespréicher mat de verschidde Stakeholder a këmmers dech ëm d‘Vernetzung mat den Hëllefsmesurë vun der Aide à l’enfance a méi spezifesch mat den aneren ambulanten Déngschter vun arcus

  • Du schaffs enk mam « Coordinateur organisationnel » a mat der Koordinatiounsekipp Aide Familiale/Comibus zesummen

 

Obligatoresch Ufuerderungen:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom am sozio-pedagogesche Beräich

  • Du hues minimum 3 Joer Beruffserfarung, eng éischt Erfarung an der Féierung vun MA ass vu Virdeel

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten an du kanns autonom a léisungsorientéiert schaffen

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel

 

Mir bidden:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld



(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)

Zurück

rue de Contern 20
L-5955 Itzig
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon +352 49 53 46-1

Zurück

Haben Sie sich auf diese Stelle beworben?

Assistant social/ Educateur gradué/ Educateur diplômé (M/W/NB) – Aide Familiale/ Comibus bei Arcus

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben