Ingénieur technicien, (m/f), CDI

Autisme Luxembourg
Arbeitsort: L-8522 Beckerich
Stellenart: Teilzeit Vollzeit
Kategorie: Technik & Konstruktion Logistik und Einrichtung

Zurück

Autisme Luxembourg asbl sicht:

En Ingenieur technicien (m/w), CDI, Voll- oder Deelzäit


Aufgabeberäich:

·         Der Direktioun bei allen infrastrukturelle Froen zur Säit stoen

·         Der Direktioun bei neie Bauprojeten zur Säit stoen

·         Gestioun vun de bestoenden Immobilien

·         Gestioun vun eisem Service technique

·         D’Funktioun vum Délégué à la sécurité iwwerhuelen.

Dir sicht :

Eng ganz ofwiesslungsräich Aarbecht ?
Eng Aarbecht wou de Mënsch am Mëttelpunkt steet ?
En Team wou Dir Iech mat äre Kompetenzen abrénge kënnt a wou dir Iech respektéiert spiert ?

Mir bidden Iech :

-E Gehalt konform zum lëtzebuergesche Kollektivvertrag fir de Gesondheets- a Sozialsecteur SAS.

-Eng Aarbecht an engem multidisziplinären Team, wou jiddwereen seng Fachkompetenz matbréngt.
-Eng Astellung bei enger Asbl, déi vun hire Mataarbechter eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung erwaart.
-Deel ze si vun enger dynamescher Asbl, der et wichteg ass, sech ëmmer weider ze entwéckelen, fir esou Mënsche mat Autismus, mee awer och den eegene Mataarbechter ëmmer nei Méiglechkeeten opzemaachen.

Interesséiert ? Da wär déi éischt Viraussetzung schonn erfëllt !

Dir hutt déi néideg Fachkompetenz a sidd e motivéierten an engagéierte Mënsch ?  
Iech ass eng héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung wichteg ?
Dir sidd weltoppen a verantwortungsbewosst ?
Dir wierkt gäre positiv op är Matmënschen an ?
Dir kënnt iech méiglechst op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch verstännegen ?

Dir hutt bei alle Froe mat Jo geäntwert? Da steet Ärer Kandidatur näischt méi am Wee !

Mir freeën eis, är Kandidatur bis zum 15. Februar 2025 u follgend Adress ze kréien :

„Autisme Luxembourg asbl, 1 Jos Seyler Strooss, L-8522 Biekerech“ oder iwwert Email un [email protected]

 

 

Zurück

Autisme Luxembourg asbl
1, rue Jos Seyler
L-8522 Beckerich
Ihr Ansprechpartner
Marc De Geest
Telefon +352 266 233 1

Zurück

Online bewerben

Bitte rechnen Sie 6 plus 1.

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben