Mir sichen fir eisen Atelier Buchbënnerei zu Capellen
Eng Persoun mat handwierklecher a kreativer Begabung mat Pabeier, Kartong (m/w/d)
(Réf. : REL 10/2024 – Qualifikatioun C3 – CCT SAS)
CDI 40 Stonnen/Woch, vu Méindes bis Freides
Ufanksdatum : Januar oder Februar 2025 – à convenir
Är Missioun:
· Dir encadréiert eng Ekipp vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung an eiser Buchbënnerei.
· Dir organiséiert d’Aarbecht vun der Buchbënnerei a forméiert eng Ekipp vu Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung.
· Dir entwéckelt nei Iddie am Beräich Kartong/Pabeier fir den Atelier.
· Dir konzipéiert nei an zäitgeméiss Produite am Beräich Kartong/Pabeier fir de Verkaf.
Äre Profil:
· Dir hutt en Diplom als Buchbënner oder Dir sidd motivéiert fir Buchbënner Aarbechten ze léieren.
· Dir sidd motivéiert fir mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ze schaffen a si am Beruffsalldag ze ënnerstëtzen.
· Dir sidd bereet fir Verantwortung ze iwwerhuele.
· Dir sidd flexibel a villsäiteg.
· Dir gitt eens mat schwierege Situatioune.
· Dir sidd organiséiert a kreativ.
· Dir schwätzt lëtzebuergesch, däitsch a franséisch.
· Dir hutt informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B.
Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.
Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 621 408 123.
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.
D’Kandidaturen (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer, Iddien vu Produiten) kënne bis spéitstens den 9. November 2024 geschéckt ginn un:
Ligue HMC coopérative s.c.
Direction
B.P. 49
L-8301 Capellen
oder per Mail un [email protected]
www.ligue-hmc.lu