eng Botzkraaft (w/m/x) - Atelieren zu Betten a Lampech

APEMH
Arbeitsort: . Bettange et Limpach
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Reinigung/Gartenarbeit

Zurück

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Betten an Lampech eng Botzkraaft (w/m/x), fir een CDI - 20 oder 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken ( CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

• Den hygieneschen Ënnerhalt vun de Gebaier

• Déi ënnerschiddlech Aarbechten ze maachen, déi an eiser Buanderie ufalen: Wäschen, Strecken, Falen, Retouchen 

• Eng Équipe vun Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung bei der Aarbecht ze begleeden.


Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidaten sollen:

  • iwwert Beruffserfarung verfügen
  • Kenntnisser vun den Aarbechten an enger Wäscherei senn vun Virdeel
  • Kenntnisser vun Bitzaarbechten an Retouchaarbechten senn vun Virdeel
  • motivéiert sinn, fir eegestänneg, grëndlech, organiséiert an polyvalent ze schaffen
  • motivéiert sinn, an enger Ekipp ze schaffen
  • Verantwortungen iwwerhuelen kennen 
  • déi lëtzebuergesch Sprooch beherrschen, franséisch an däitsch sin vun Virdeel
  • den Führerschäin Klasse B hunn


Mir bidden

• attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

• en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

 

Zurück

..
. Bettange et Limpach
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück