Een Infirmier (m/w/d) 32-40 St/W CDI

Elisabeth
Arbeitsort: 3288 Bettembourg
Stellenart: Festanstellung Teilzeit Vollzeit
Kategorie: Soziale Arbeit
Chiffre: Foyer Ste Elisabeth Beetebuerg

Zurück

Är Aufgaben:

* Sécheren, hierstellen a fërdere vu kierperlecher a geeschteger Gesondheet an dem Wuelbefanne vun den uvertraute Bewunner, déi an eisem Altersheem liewen, am Respekt vun hiren individuelle Biographien
* Duerchféieren a Sécherstelle vun enger qualitativer Grond- a Behandlungsfleeg ( no den "Attributions  Infimiers")
* Duerchféiere vun enger professioneller Fleeg a Betreiung am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus
* Ëmsetzen an evaluéiere vun den individuelle Fleeg- a Betreiungspläng
* Duerchféiere vun enger qualitativer Dokumentatioun a Leeschtungsnowäis
* Duerchféiere vu biographesch orientéierten Aktivitéite fir d'Bewunner

 

Äre Profil:

* Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier (m/w/d)
* Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
* Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
* Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
* Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
* Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
* Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft

 

Mir bidden:

* 32-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
* Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

* Droit d’exercer
* Casier judiciaire no 4
* Führerschäin Klass B
* Eischt Hëllefscours

Delai fir d'Kandidatur: 6.3.2024


Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Zurück

Foyer Ste Elisabeth Beetebuerg
4, rue de la Tannerie
3288 Bettembourg
Ihr Ansprechpartner
Pascale Bleser
Telefon +3525116061

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben