een graduéierten Erzéier/Sozialpädagog (w/m/x) fir eisen Service pédagogique

APEMH
Arbeitsort: 4976 Esch/Alzette
Stellenart: Festanstellung Teilzeit
Kategorie: Sozialpädagoge

Zurück

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire Service pédagogique am Departement Logement et Accueil de jour,

 

ee graduéierten Erzéier / Sozialpädagog (w/m/x)

fir 32 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit (CDI).

 

 Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten


Dir sidd de pädagogeschen Uspriechpartner fir de Beräich Logement an Är Missioune sinn d'Opstellung an d'Koordinatioun vun de pädagogeschen a professionelle Projet'e, souwéi d'Ënnerstëtzung vir d'Ekippen a vir d'Direktioun bei pädagogesche Froen an der Ëmsetzung vu den Projet'en.


Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (Bachelor am sozio-edukative Beräich) sinn,
  • iwwert Beruffserfarung verfügen am Beräich vum Erstellen vu pädagogesche Projet'e,
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir eng optimal professionell Begleedung vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung ze ënnerstëtzen,
  • Selbststännegkeet, Flexibilitéit an Initiativ bei der Organisatioun a Planung vun hiren Aufgaben,
  • an enger multidisziplinärer Ekipp schaffen,
  • déi lëtzebuergesch, franséisch a däitsch Sprooch beherrschen,
  • de Führerschäin Klass B hunn.

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

Beruffserfarung a fundéiert Kenntnesser am Beraïch vun der Behënnerung sinn vu Virdeel.

 

Mir bidden

  •  attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen (Carrière C6).
  •  en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mam Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung.

 

 

Zurück

10 rue du Château
4976 Esch/Alzette
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück