een geléierten Landschaftsgärtner/Gärtner (w/m/x) - Atelier Housen

APEMH
Arbeitsort: Hosingen
Stellenart: Festanstellung Teilzeit
Kategorie: Reinigung/Gartenarbeit

Zurück

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Housen, een geléierten Landschaftsgärtner/Gärtner (w/m/x) fir een CDI 20h oder 40h d‘Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Mat engem Grupp vun Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung innovativ an kreativ an Ärer Beruffsbranch schaffen.


Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidaten sollen:

 

·        Am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Landschaftsgärtner sinn

·        Iwwert Beruffserfarung verfügen

·        Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung

·        Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

·        Equipeaarbecht als Bestand vu dëser Aarbecht ugesinn

·        Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

·        Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

·        De Führerschäin Klass B hunn

 


Wënschenswäert Ufuerderungen

De Führerschäin Klass BE (Unhängerschäin) ass vu Virdeel.


Mir bidden

·        attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

·        en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

 

Zurück

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben