Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Aarbechtsfelder fir dës Plaz sinn:
Kannergruppen (Kanner am Alter vun 0 bis 3 Joer) an enger Crèche
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Een hei zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (m/w)
Berufflech Erfarung am Beräich Kannerbetreiung ass vu Virdeel
Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen
Déi 3 Landessproochen (L/D/F) beherschen
Empathie a Versteesdemech fir d’Situatioun vu Kanner
Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
Wäertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft
Bereetschaft sech mat a fir Kanner ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
40 St/W Aarbechtskontrakt op begrenzten Zäit
Dës Plazen faalen ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
Droit d’exercer
Casier judiciaire no 4 a 5
Führerschäin Klass B
Eischt Hëllefscours
Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)