Een Erzéier (m/f/d)

Fondation Kannerschlass
Arbeitsort: Esch-sur-Alzette
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Sozialpädagoge Jugendpflege
Chiffre: DEM-EDU-01

Zurück

D’FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :

een Erzéier (m/f/d)

CDI 40 Stonnen/Woch

Referenz : DEM-EDU-01

 

Dëse Poste betrëfft de Foyer Demian zu Esch-Uelzecht, eng stationär Ariichtung fir 8 Kanner/Jugendlecher am Alter tëscht 4 an 18 Joer. D’Aarbecht besteet doranner des Kanner/Jugendlecher am Alldag ze encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefsstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.

Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer déi am Projet vum Jugendlechen involvéiert sinn.

Missiounen

  • aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Foyer
  • individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer/Jugendlechen aus dem Foyer
  • aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner/Jugendlecher

Noutwendeg Kompetenzen

  • Diplom vum Educateur diplômé
  • Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Ekipp ze schaffen
  • Bereetschaft op Schichten ze schaffen
  • Beherrsche vun der lëtzebuerger oder der däitscher Sprooch, all weider Sprooch ass vu Virdeel
  • Fürerschäin B
  • Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.

Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 1. Februar 2025 mat der Referenz
DEM-EDU-01 un d’e-mail Adress: [email protected]

Zurück

Fondation Kannerschlass
12, rue Churchill
L-4434 Soleuvre
Ihr Ansprechpartner
Rachel Sebastiani
Telefon +352 59 59 59-1

Zurück

Online bewerben

Was ist die Summe aus 5 und 1?

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben