een diploméierten Erzéier (w/m/x) - SAS Süden

APEMH
Arbeitsort: . Esch/Alzette
Stellenart: Befristeter Arbeitsvertrag Teilzeit
Kategorie: Sozialpädagoge

Zurück

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir hiren Service SAS zu Esch-Uelzecht een diploméiert Erzéier (w/m/x) fir ee CDD - 20 Stonnen/Woch bis den 31.12.2024 fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, …).

 

 Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

RESPONSABILITÉITEN

  • Ambulant Begleedung vun Erwuessenen mat enger intellektueller Beanträchtegung.
  • Berodung an Hëllefstellung am Alldag ubidden.
  • Suivi à domicile am Kader vum autonomen Wunnen garantéieren.

 

OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

D' Kandidate sollen:

  • am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • iwwert Beruffserfahrung verfügen
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kennen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn.

 

WENSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN

Erfahrung an der Aarbecht zesumme mat Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Zurück

..
. Esch/Alzette
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück