een diploméierten Erzéier oder een Aide-Educateur (w/m/x) - SEAI Kokopelli oder Topolino

APEMH
Arbeitsort: . Bettembourg ou Differdange
Stellenart: Befristeter Arbeitsvertrag Vollzeit
Kategorie: Sozialpädagoge

Zurück

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Servicer d'Education et d'Accueil Inclusif "Kokopelli" zu Beetebuerg oder "Topolino" zu Déifferdeng, diploméiert Erzéier (w/m/x) fir op onbestëmmten Zäit- Vollzäit oder Deelzäit - fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Den inklusiven Educatiouns- an Betreiungsservicer Kokopelli a Topolino, huet als Missioun déi non formal Bildung vun 78 Kanner am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer ze garantéieren.


Als Member vun eisem pluridisziplinären Team, hu dir folgend Aufgaben:

  • Kanner an hirem Alldag ennerstetzen an begledden.
  • Diversifiéiert Spill-an Léiergeleeënheeten organiséieren.
  • Zesummenliewen encadréieren, hellefen dass all Kand seng Platz fennt an matmachen kann.
  • Eng vertrauensvoll an zouverlässeg Person fir d‘ Kanner an hir Elteren sin.


Sollten Iech dës Missiounen zousoen, lueden mir Iech an ze postuléieren an Deel vun eiser pluridisziplinärer, dynamescher an motivéierter Ékipp ze gin!

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:


  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn 
  • Beruffserfarung hunn
  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Kanner ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • Staarken Teamgeescht hunn
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 
  • de Führerschäin Klass B hunn



Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Kanner.

Zurück

..
. Bettembourg ou Differdange
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück