een diploméierten Erzéier oder Aide-soignant (w/m/x) - Wunnstruktur Roude Fiels 2

APEMH
Arbeitsort: Nossbierg
Stellenart: Befristeter Arbeitsvertrag Teilzeit
Kategorie: Andere Jobs

Zurück

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht een diploméierten Erzéier oder Aide-soignant (w/m/x), fir een CDD - 20 Stonnen/Woch, um Centre Nossbierg (Wunnstruktur Roude Fiels) fir eng Dispens, Congé Maternité an Congé Parental ze ersetzen - fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Betreiung am Gesondheetsberäich vun Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.


Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  •  am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  •  Beruffserfarung hunn
  •  Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  •  iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  •  eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.


Zurück

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück