Är Aufgaben:
- Begleedung an Hëllefsstellung vun eise Bewunner am Alldag
- Professionellt Betreien a Fleegen vun eise Bewunner no de Richtlinne vun eisem Fleege- an Betreiungskonzept
- Eegenverantwortlecht an eegenstännegt Ëmsetzen vun deenen am Team geplangten fleegereschen an betreiereschen Moossnamen
- Duerch d'Matwierken am Haus an am Wunnberäich dozou bäidroen, dass d'Bewunner sech bei eis wuelfillen.
Äre Profil:
- Eng Ausbildung als Aide Socio-Familale (m/w)
- Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
- Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
- Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
- Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
- Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden:
- 20-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 4
- Führerschäi Klass B
- Eischt Hëllefscours
Delai fir d'Kandidatur: 31.12.2025
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)