Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Déi zougewisen Aufgaben am Service/Kichen (Salle à manger, Cafeteria, Brasserie an/oder Kichen) ze erfëllen an domat d'Wuelbefanne vun de Bewunner an externe Clienten ze fërderen a hir Sécherheet ze garantéieren
Matschaffen an der Restauratioun am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus
Déi zougewise Leeschtunge selbststänneg ausféieren (Aarbechtsofleef respektéieren)
Respektéiere vun den HygiènesreegeleMatschaffen an/un kloren, transparente Kommunikatiounsstrukturen
D’Wuer an d'Material mat deem geschafft gëtt, richteg asetzen
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Berufflech Erfarung am Beräich Restauratioun a Kollektivkichen
Weiderbildungen am Beräich Restauratioun si vu Virdeel
Kenntnisser vum Lëtzebuergeschen si Viraussetzung
Gutt Kenntnisser a Formatiounen am Beräich vun der Hygiène (HACCP)
Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
40 St/W Aarbechtskontrakt op begrenzten Zäit
Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
Casier judiciaire no 3
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an
dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt
ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)