Ee Sozialpädagog als Gruppechef fir säi Klengkannerwunngrupp um Lampertsbierg (m/w/d) 40 St/W CDI

Elisabeth
Arbeitsort: 1750 Lampertsbierg
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Soziale Arbeit
Chiffre: Elisabeth Kanner- a Familljenhëllef

Zurück

Är Aufgaben:

* Leedung a Weiderentwécklung vun engem Team vun Mataarbechter am Klengkanner- wunngrupp um Lampertsbierg
* Erstellen vun Dokumenter zur Alldagsorganisatioun an zur Struktur vum Grupp
* Ennerstëtzung vun de Mataarbechter bei erzéiereschen a sozialpädagogeschen Froën zur Aarbecht am Grupp
* Eenzel- oder  Gruppenaktivitéiten organiséieren
* Zesummenaarbecht mat Elteren a Familljen
* Zesummenaarbecht mat aneren Professionellen a Verwaltungen
* Zesummenaarbecht mat der Direktioun vum EKFH
* Erstelle vu Berichter an Dokumentatioun

 

Äre Profil:

* Eng hei zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Sozialpädagog
* Erfahrung op engem Leedungsposten ass vu Virdeel
* Berufflech Erfahrung am Beräich vun der Kanner- a Familljenhëllef ass vu Virdeel
* Weiderbildungen am Beräich vun der Kanner- a Familljenhëllef si vu Virdeel
* Autonom schaffe kënnen
* No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen
* Déi 3 Landessprooche (L/D/F) an Englesch beherrschen.
* Gutt Computerkenntnësser (MS-Office) si vu Virdeel
* Empathie a Versteesdemech fir d'Situatioun vu de Kanner an hiren Familljen
* Veräntwertungsbewosstsinn
* Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeveräntwertung an Dynamismus
* Teamfähegkeet, Kooperatiounsfähegkeet a Flexibilitéit
* Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft

 

Mir bidden:

* Eng villfälteg an ofwiesslungsräich Aarbecht
* Een dynamescht Aarbechtsemfeld
* 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
* Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
* Weiderbildungen, Supervisioun an individuelle Coaching

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

* Casier judiciaire no 4 a 5
* Führerschäin Klass B
* Eischt Hëllefscour

Delai fir d'Kandidatur: 20.2.2025


Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.


(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Zurück

Elisabeth Kanner- a Familljenhëllef
59A, avenue Victor Hugo
1750 Lampertsbierg
Ihr Ansprechpartner
Jacques Schloesser
Telefon +3524621311

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben