Ee Mataarbechter Wäschbuer (m/w/d) - Betzdorf

Elisabeth
Arbeitsort: 6832 Betzdorf
Stellenart: Befristeter Arbeitsvertrag Vollzeit
Kategorie: Reinigung/Gartenarbeit

Zurück

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
* Schaffen an alle Beräicher vun der Wäscherei: Belueden an Entluede vun de Maschinen, Schaffen un der Mangel a Strecken op professionnelle Maschinen, Sortéieren a Faale vun der Wäsch, Apake vun der Wäsch
* An alle Prozesser, zesummeschaffe mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung


Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
* Dir schafft gären a gutt am Team
* Dir sidd flexibel an upassungsfäeg
* Dir sidd belaaschtbar a physesch fit
* Dir hutt Grondkenntnisser an der PC-Aarbecht
* Dir schwätzt lëtzebuergesch
* Dir hutt Interessi un der Zesummenaarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung


Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen

*40 St/W Aarbechtskontrakt op begrenzten Zäit (6 Méint)

*Eng interessant an ofwiesselungsräich Aarbecht

* Schaffen an engem modernen an dynamesche Betrib an deem Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung schaffen

* Schaffen op dem neiste Stand vun der Technik

* Bezuelung an Aarbechtskontitiounen laut Kollektivvertrag aus dem Sozialen Secteur

Delai fir d’Kandidatur: 25.7.2024

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, Mënsche mat Beanträchtegung ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Zurück

Institut St Joseph Betzder
2 rue de Wecker
6832 Betzdorf
Ihr Ansprechpartner
Christian Happ

Zurück