Ee Mataarbechter fir de Verkaf an der Brasserie an am Shop vum Päiperleksgaart (m/w/d) 20-24 St/W CDD - Grevenmacher

Elisabeth
Arbeitsort: 6793 Grevenmarcher
Stellenart: Befristeter Arbeitsvertrag Teilzeit
Kategorie: Resto & Cafeteria

Zurück

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

  • Verkaf an der Brasserie an am Shop
  • Zoubereeden an Zervéiere vu preparéiertem Iessen aus dem KichenAtelier
  • Gestioun vun de Reservatiounen iwwer Telefon an Email
  • Kontakt mat de Fournisseuren an de Partner vum Päiperleksgaart
  • Gestioun vun de Keesen am Alldag
  • Betreiung vun de Mataarbechter:inne mat enger intellektueller Beanträchtegung


Äre Profil / Votre profil / Ihr Profi

  • Dir hutt Erfahrung an der Restauratioun an/oder am Verkaf
  • Dir sidd bereet Weekender a Feierdeeg ze schaffen
  • Dir sidd verantwortungsbewosst, schafft selbstänneg an denkt mat
  • Dir sidd organiséiert a bleiwt roueg bei vill Betrib a Stress
  • Dir schafft gären am Team
  • Dir hutt e gudden Ëmgang mam Client an hutt e frëndlecht a professionnellt Optrieden
  • Dir sidd flexibel wat d'Aarbechtszäiten ugeet an Dir sidd bereet mindestens 1x am Moubt de Weekend an och mol op engem Feierdag ze schaffen
  • Dir sidd interesséiert un der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Gutt Kenntnisser vun de Sprooche, Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch
  • Gutt Kenntnisser vun Outlook, Word an Excel a Liichtegkeet am Emgang mam PC

Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen

  • Eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht an enger beléifter Touristenattraktioun op der Musel
  • Schaffen an engem klengen Team mat kuerze Weer
  • Schaffen an engem modernen an dynamesche Betrib
  • Bezuelung an Aarbechtskonditiounen laut Kollektivvertrag aus dem Sozialen Secteur

De Posten ass fir Weekends a Feierdeeg!

Disponibilitéit: 17.03.2025 - 31.10.2025

Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Mënsche mat Beanträchtegung ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Zurück

Jardins des Papillons
56 route de Trèves
6793 Grevenmarcher
Ihr Ansprechpartner
Maud Hansen

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben