ee graduéierten oder diploméierten Erzéier (m/w/x) - Structure Mère-Enfant

APEMH
Arbeitsort: Dudelange
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Sozialpädagoge

Zurück

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Structur d’Accueil "Mère-Enfant" zu Diddeleng, déi 3 Mammen mat enger intellektueller Beanträchtegung an hiren Kanner een protegéiert Ëmfeld biet, ee graduéierten oder diploméierten Erzéier - CDI - 40 Stonnen / Woch- fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

D' Responsabilitéiten vum graduéierten/ diploméierten Erzéiher sinn, dréi Mammen ze begleeden bei:

  • der Emsetzung vun hirem „ Projet de vie“ mam Kand.
  • der Organisation vum Alldag.
  • dem Opbau vun enger Mamm-Kand Bezéihung
  • der Ennerstezung vun der Entwecklung vun hirem Kand.




Obligatoresch Ufuerderungen

  • Diplom als graduéierten oder diploméierten Erzéier
  • Berufflech Erfarung an engem ähnlechen Beräich hun
  • Beherrschung vun der lëtzebuergescher, franséischer an däitscher Sprooch ass onverzichtbar
  • Flexibel an den Schaffzäiten sinn
  • Excellent relationel an kommunikativ Kompetenzen hunn
  • Souwuel alleng wéi och an enger Équipe schaffen kennen
  • Gudd redaktionnell an organisatoresch Kompetenzen hunn



Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung an hiren Kand.

Zurück

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück