Ee Chef de Service am Beräich Fleeg (m/w/d) - Diekirch

Elisabeth
Arbeitsort: 9244 Diekirch
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Altenpflege
Chiffre: Elisabeth Senior

Zurück

Är Aufgaben:

* Organiséieren, matentwéckelen, ëmsetzen an evaluéiere vun transparenten Aarbechtsofleef am Wunnberäich, esou dass eng zilorientéiert Fleeg a Betreiung geleescht kënne ginn
* Matentwéckelen a Fleege vun engem motivéierten, kompetenten a multidisziplinäre Mataarbechterteam
* Gestioun vun der Fleegeversécherung
* Sécherstelle vun enger korrekter Fleegedokumentatioun, professionnellen Transmissiounen an engem transparenten Leeschtungsnowäis
* Viirschloen a Matschaffe un neie Projetë

 

Äre Profil:

* Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier (m/w)
* Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
* Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
* Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
* Kenntnisser an der Gestioun vun der Fleegeversécherung
* Kenntnisser vum Aarbechtsrecht an dem SAS-Kollektivvertrag
* Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
* Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
* Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaf
* Bereetschaft sech mat a fir Mënsche ze engagéieren

 

Mir bidden:

* 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
* Dës Plaz fällt ënnert de SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

* Droit d'exercer
* Casier judiciaire no 4
* Führerschäi Klass B
* Eischt Hëllefscours

Delai fir d'Kandidatur: 29.02.2024

Zurück

Maison de Soins Sacré-Coeur
18 rue de l'hôpital
9244 Diekirch
Ihr Ansprechpartner
Michaela Mayer
Telefon +3528033551

Zurück