Ee Chargé de direction (m/w) - Troisvierges

Elisabeth
Arbeitsort: Troisvierges
Stellenart: Festanstellung Teilzeit Vollzeit
Kategorie: Administration/Sekretariat

Zurück

Ee Chargé de direction (m/w) 35-40 St/W CDI

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
d’Leedung vun der Crèche


Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Eng hei zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Sozialpädagog (m/w)
Eng Beruffserfarung vu 3 Joer a Kenntnisser an der Leedung vun engem Grupp kënne vu Virdeel sinn (Beruffsufänger an enger Leedungspositioun kënne vun internem Coaching profitéieren)
Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F). Lëtzebuergesch ass eng Viraussetzung am Ëmgang mat de Kanner an den Elteren. Besonnesch auslännesch Kanner solle jo hei bei eis integréiert ginn an dat geschitt och iwwert d’Sprooch. Si ass eng Basis fir dem Kand säin Erfolleg spéider hei an der Schoul.
Gutt Kenntnisser vun der Entwécklung vum Kand, besonnesch am Alter vun 0-4 Joer
Kenntnisser an der Pikler-Pädagogik si vu Virdeel
Gutt Kenntnisser vum “Nationaler Rahmenplan zur non-formalen Bildung im Kindes- und Jugendalter”
Ee gültegen Éischthëllefscours gemaach hunn
No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen (d’ Crèche ass am Prinzip vu moies 07.00 Auer bis owes 19.00 Auer op)
Gutt Computerkenntnisser (MS-Office); eng ganz Rei vun Dokumenter gi via PC tëschent den eenzele Servicer vun der MR transferéiert.
Bereet sinn, Formatiounen am Leedungsberäich ze maachen
De Führerschäin Klass B
Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
Wäertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft


Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
35-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
Méiglechkeet u gezielten Weiderbildungen deelzehuelen
Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag a gëtt maximal an der Carrièer C6 bezuelt
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

Casier judiciaire no 4 a 5
Führerschäin Klass B
Eischt Hëllefscours
Delai fir d’Kandidatur: 29.02.2024

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Zurück

22, bd Joseph II
L-1840 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Ressources Humaines

Zurück