Educateur gradué oder diplômé (m/w/d) - Fleegefamilljendëngscht - CDI - 75 % oder 80 %

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Arbeitsort: 7534 Mersch
Stellenart: Festanstellung Teilzeit
Kategorie: Soziale Arbeit

Zurück

Är Aufgaben:

  • Dir iwwerhuelt, d’ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu Fleegefamilljen, Fleegekanner an hiere biologëschen Elteren;
  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger Betreiung
  • Orientéierung un de gesetzleche Grondlagen, de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn, dem nationale Rahmenplan vun der Kanner- a Familljenhëllef souwéi och den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen
  • Dir huelt un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
  • Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance (mesure 8.3.)
  • Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF
  • Erstellung vu Berichter an Dokumentatioun

 

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom Bachelor Studium an der Sozialpedagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz oder den Diplom vum Educateur diplômé mat der « autorisation d‘exercer »
  • Dir hutt eng wäertschätzend Haltung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat de Kanner, Jugendlech a jonken Erwuessene souwéi och den Elteren/ Familljen.
  • Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht.
  • Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung.
  • Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran.
  • Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement.
  • Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten.
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch.
  • Dir hutt e Führerschäi B.

 

Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS.
  • Sympass Kaart.

 

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Liewenslaf mat Foto
  • Motivatiounsbréif
  • Kopie vum Diplom


Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.


Zurück

rue Hermann Gmeiner10
7534 Mersch
Ihr Ansprechpartner
Ressources Humaines

Zurück