Educateur gradué (m/w/n)- Grooljer Haus - CDI - 100%

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Arbeitsort: 7534 Mersch
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Soziale Arbeit

Zurück

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir den "Grooljer haus" zu Grooljen:


Een Educateur gradué (m/w/d)

CDI - Vollzäit


 

 


Är Aufgaben:

  • Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung an individueller Entwécklungsfërderung am Sënn vum Wuel vun de Jugendlechen ;

  • Orientéirung un de gesetzleche Grondlagen, de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehal sinn, dem nationale Rahmenplan vun der Kanner- a Familljenhëllef esouwéi och den organisatiounsiwwergräifenden konzeptuelle Grondlagen ;

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vun de Kanner a Jugendlechen

  • Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen

  • Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen

  • Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an

 

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom als Educateur gradué mat 3 Joer Erfarung an enger änlecher Positioun.

  • Dir hutt Verantwortungsbewosstsein an staarken Teamgeescht.

  • Dir hutt eng wäertschätzend Haltung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat de Kanner a Jugendlech esouwéi och den Elteren / Familljen.

  • Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- an Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung.

  • Dir sidd disponibel a motivéiert fir variabel Aarbechtszäiten, dat heescht Dag- an Nuetsschichten, orientéiert um Bedarf vun de Kanner a Jugendlechen, an de Mataarbechter/innen.

  • Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement, esouwuel fir Iech perséinlech wéi och mam Bléck op d’Team.

  • Formatiounen am Beräich Deseskalatiounsmanagement vu Virdeel sinn

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel.

  • Führerschäin Klass B.

  

 Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.

  • Regelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.

  • Regelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS

  • Sympass Kaart.


Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Liewenslaf mat Foto

  • Motivatiounsbréif


Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Zurück

rue Hermann Gmeiner10
7534 Mersch
Ihr Ansprechpartner
Ressources Humaines

Zurück

Haben Sie sich auf diese Stelle beworben?

Educateur gradué (m/w/n)- Grooljer Haus - CDI - 100% bei Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben