Educateur diplômé oder gradué (m/w/d)- Deelzäit - 50 bis 75%, CDI, Fleegefamilljendéngscht

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Arbeitsort: 7534 Mersch
Stellenart: Festanstellung Teilzeit
Kategorie: Sozialpädagoge

Zurück

Educateur diplômé oder gradué (m/w/d) - Fleegefamilljendëngscht - CDI - 50 à 75% @ Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf


Är Aufgaben:

  • Dir iwwerhuelt, d’ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu Fleegefamilljen, Fleegekanner an hiere biologëschen Elteren;

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger Betreiung

  • Orientéierung un de gesetzleche Grondlagen, de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn, dem nationale Rahmenplan vun der Kanner- a Familljenhëllef souwéi och den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen

  • Dir huelt un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an

  • Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance (mesure 8.3.)

  • Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF

  • Erstellung vu Berichter an Dokumentatioun

 

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom vum Educateur diplômé mat der « autorisation d‘exercer »

  • Dir hutt eng wäertschätzend Haltung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat de Kanner, Jugendlech a jonken Erwuessene souwéi och den Elteren/ Familljen.

  • Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht.

  • Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung.

  • Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran.

  • Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement.

  • Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten.

  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch.

  • Dir hutt e Führerschäi B.

 

Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.

  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS.

  • Sympass Kaart.

 

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Liewenslaf mat Foto

  • Motivatiounsbréif

  • Kopie vum Diplom


Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Zurück

rue Hermann Gmeiner10
7534 Mersch
Ihr Ansprechpartner
Ressources Humaines

Zurück

Haben Sie sich auf diese Stelle beworben?

Educateur diplômé oder gradué (m/w/d)- Deelzäit - 50 bis 75%, CDI, Fleegefamilljendéngscht bei Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben