Educateur diplomé (m/w/nb) CDI 16-25h

Schëfflenger Bëschzwergen
Arbeitsort: 3872 Schifflange
Stellenart: Festanstellung Teilzeit
Kategorie: Sozialpädagoge

Zurück

Educateur diplomé (m/w/nb) CDI 16-25h ab direkt
fir d'Bëschcrèche zu Schëffleng (Schëfflenger Bëschzwergen)
(Kanner am Alter vun 2-4 Joer)

noutwenneg Kompetenzen
·      een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
·      Lëtzebuergesch schwätzen
·      naturpädagogesch Weiderbildungen si vu Virdeel, awer kee Muss
·      motivéiert sinn no engem naturpädagogesche Konzept ze schaffen
·      Freed mat de Kanner de Bësch zu all Joreszäit ze entdecken
·      Flexibilitéit an den Aarbechtszäiten
·      Teamfäeg sinn
·      Verantwortungsbewosst sinn
·      eegen Initiative weisen
·      sech op Neies aloossen

mir bidden
·      Ee Patron (A.P.A.S.E. a.s.b.l.) dee mat dräi Crèchenhaiser gutt a sécher opgestallt ass.
·      Ee variéiert an interessant Aarbechtsëmfeld am Liewensraum „Bësch“
·      D'Méiglechkeet an enger engagéiert Equipe ze schaffen.
·      Eng Festustellung CDI 16-25 Stonnen/Woch
·      Eng Carrière C4 (laut dem Educateurs Diplom) am CCT SAS



Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.



Adresséiert Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer un d'Bëschzwergen

(38, rue du Parc L-3872 Schifflange) oder d’Email Adress: [email protected]



Weider Renseignementer kritt Dir bei de Bëschzwergen ënnert der Nummer (+352) 26 53 04 65 oder ob [email protected]

Zurück

Schëfflenger Bëschzwergen
38, rue du Parc
3872 Schifflange
Ihr Ansprechpartner
Mai Fischer
Telefon 26530465

Zurück

Online bewerben

Bitte addieren Sie 7 und 4.

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben